Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 26/04/2012

Schoulsportdag 2012

Dëst Joer huet de Schoulsportdag de 24.04.2012 an de 26.04.2012 stattfond. D'Wieder huet net esou matgespillt, mais eigentlech gëtt et jo kee schlecht Wieder mais nëmme schlecht Kleeder. Déi positiv Astellung vun de Kanner an hire Léierpersounen hun de Schoulsportdag 2012 trotzdem zu engem flotten Erliewnis gemaach. E grousse MERCI den Organisateuren an alle Veräiner déi beim sportlechen Evenement derbäi waren.

Weiderliesen
Publizéiert den 20/04/2012

Journée de la Nature Mamerschoulen

D'Equipe "Natur fir unzepaken" vun de Mamerschoulen huet zesummen mam Fierschter a senge Mataarbechter déi 2. Journée de la Nature fir d'Kanner vum Cycle 3 vun de Mamerschoulen organiséiert. Op desem Dag kruten d'Kanner de Bësch "fir unzepaken" a verschiddenen Atelieren présentéiert. D'Begeeschterung war grouss obschonn d'Wieder nëmme mëttelméisseg war. D'Elterevereenegung vu Mamer huet fir d'Stärkung iwwer Mëtteg gesuergt.

Weiderliesen
Publizéiert den 17/04/2012

Scheckiwwerreechung vum Cycle 1 Mamer un ALAN

D'Kanner vum Cycle 1 vu Mamer hun d'Souen déi si bem Liichtegoen agesammelt hun, u Vertriederinnen vun ALAN iwwerreecht. Dat waren 1801 Euro an d'Gemeng huet nach 750 Euro derbäi geluecht, so dass d'ALAN 2551 Euro konnt entgéinthuelen. All denen déi gehollef hun e grousse Merci

Weiderliesen
Publizéiert den 14/03/2012

Assemblée générale APEM

Mesdames, Messieurs,
Le Conseil d’Administration de l’Association des Parents d’Elèves de la Commune de Mamer a le plaisir de vous inviter à son assemblée générale, qui se tiendra dans le cadre de l’Ecole Primaire au « Campus Kinneksbond » le 22 mars 2012 à 19.30 heures.

Weiderliesen
Publizéiert den 23/01/2012

Kannerfuesparty vun der APEM an der APECCH


Weiderliesen
Publizéiert den 18/11/2011

Vivario-Biblio-Croissant

D'APEM an d'APECCH organiséieren zesummen mam Team Vivarium a mam Team Bibliothéik eng Porte ouverte am Vivarium an an der Bibliothéik vun der Primärschoul Kinneksbond, e Samschdeg, de 26. November 2011 vun 10:30-12:00 Auer.
D'Elterevereinigungen offréieren de Croissant an e Gedrénks.

Weiderliesen
1 51 52 53 55 56 57 76