Bei der traditioneller Liichtmëssdag-Aktioun vun dem Préscolaire Mamer hunn d'Kanner, d'Elteren an d'Schoulpersonal fläisseg Suen gesammelt.
Dëst Joer as den Erleis un d'Permanence Médico-Psycho-Sociale vun Médecins du Monde gaang.
Zesummen mat den Gemengenschäffen Luc Feller a Roger Negri hun d'Kanner an d'Schoulpersonal een Scheck vun 2.715,5.- Euro un d'Direktioun vun Médecin du Monde iwwerrecht.

UGDA-Projet -- Cycle 1 EF Campus Kinneksbond
De Mëttwoch, den 8. Juni 2022 war de Minister Claude Meisch an dem Préscolaire Kinneksbond vun der Klass Taiga Zeien zu Mamer.
Am Kader vum engem UGDA-Projet as Schoulstonn gouf vum Sabine Walsch gehaal.
D’Zil vum Projet ass et de Kanner d’Musek an d’Instrumenter méi no ze bréngen. Wärend engem Trimester kruten d’Kanner Kueren am Beräich vun der Musek ugebueden.
De Buergermeeschter Gilles Roth an déi zwee Schäffe Roger Negri a Luc Feller hunn de Minister bei senger Visitt begleet.
Weiderliesen





