Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 09/12/2022

LÉIWE KLEESCHEN, GUDDE KLEESCHEN

En Freiden, den 2. Dezember 2022 war héije Besuch an dem Précoce a der Spillschoul vun der Mamer a Caper Schoul.

De Kleeschen an den Houseker haten sech ugemellt an goufen vun de Kanner, dem Schoulpersonal an dem Schäffen Luc Feller empfaange.

All Kand krut eng Titchen an eng Foto mam Kleeschen an sengem Gesell.

Merci dem Syndicat d'Initiative et de Tourisme Mamer.


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 02/12/2022

Boxemännchen 2022

D'Elterevereenegungen APEM/APECCH hunn am Numm vum Kleeschen de Kanner, den Enseignanten an all anere Matarbechter déi och mathëllefen dass d'Schoul esou gutt fonctionnéiert, eng 900 Boxemännercher ausgedeelt.
Der APEM an der APECCH e grousse Merci vun eis all.

Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 29/11/2022

Busschoul fir de Cycle 1.2

Och dest Joër waren d'Tigeren aus der Spillschoul op Bascharage an d'Busschoul. Hei léieren d'Kanner dat richtegt Verhalen fir sëcher mam Bus ze fueren.


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 19/07/2022

Eng faarweg Welt Cycle 4.2 Capellen

Eng faarweg Welt Cycle 4.2 Capellen


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 05/07/2022

Buch 'De verschwonnenen Zaubertrank'

Loscht op eng spannend Geschicht?

Schoulklasse vum Carole Kauth (Cycle 4.2 Mamer) an Tom Carier (Cycle 2.2 Mamer) hunn zesummen een klengen Projet ausgeschafft wou Sie een flott Buch mat Zeechnungen iwwert di lescht Wochen gemeet hun.

De Text as op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, englesch an iwwert een QR Code ze lauschteren.

D'Buch 'De verschwonnenen Zaubertrank' kritt een ze kaafen fir 5 Euro.

Den Erléis as fir d'Associatioun Nepalimed Luxembourg Asbl.


Weiderliesen
1 15 16 17 19 20 21 79