Mamerschoulen

Home

Beiendag - Journée de l'abeille 2018

02/05/2018

Den 2/3/4. Mai 2018 kreien d'Schüler aus dem Cycle 3 d’Wichtegkeet vun de Beien an d’Problematik vum aktuelle weltwäite Beiestierwen eklärt.
 
A 4 verschiddene Workshops (ënnert anerem och mat echte Beievölker am Schoulgaart, ënnert der Leedung vum Hobby-Imker an Enseignant Claude Greiveldinger) erliewen d’Kanner, wéi e Beievollek opgebaut ass, wéi eng Roll se am Ökosystem spillen a wéi de Mënsch vun de Beieprodukter profitéiere kann.