Mamerschoulen
Home

Fairtrade Laf 2025 Schoulen Gemeng Mamer
26/05/2025Bei gudden Laafwieder huet dëst Joer de Fairtrade Laf 2025 den 22 an 23.05.2025 um Campus Kinneksbond stattfonnt.
Kanner vun den Cyclen 1 - 4 aus den Schoulen vun Mamer a Capellen si gesponsert ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten.
Dobäi ass e ganz schéine Betrag gesammelt ginn, deen demnächst während enger klénger Feier un Transfair Lëtzebuerg iwwerreecht gëtt.
Merci der Gemeng Mamer, den Elterevertrieder, dem Jean-Louis Zeien an all aneren déi eis bei eiser Aktioun ënnerstëtzt hunn.