Mamerschoulen

Home

Projet "MaMer Égalitéit''

10/06/2021

D'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer ass och haut am 21. Joerhonnert alles anescht ewéi eng Selbstverständléchkeet! An di meescht diskriminéierend Stereotyppen entsti scho ganz fréi an der Kandheet.

Beim Projet "MaMer Égalitéit", de gedroe gouf vum Ministère de l'Égalité entre les femmes et les hommes - Luxembourg an organiséiert vum Chancëgläichheets-Service vun der Gemeng Mamer sinn d'Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée Josy Barthel a verschidden Atelieren op dës leider nach allze vill present Problematik sensibiliséiert ginn.

Wärend enger Woch ginn Atelieren zum Thema Gläichstellung gehalen an et huelen insgesamt 287 Schüler a Schülerinnen un dësem Projet deel.