Mamerschoulen
Home

Schoulhaff Primaire Campus Mamer
30/09/2016Fir de Schoulhaff vum Primaire op dem Campus Scolaire Mamer an de Pausen fir d'Kanner méi attraktiv ze maachen, hunn iwwer d'Summervakanz d'Studenten ënnert der Leedung vum Pascal Muller Spiller am Fräien op de Buedem gemolt.
Bei de Spillflächen besteet d'Méiglechkeet fir och matt Spillfiguren ze spillen. Ennert anerem kënnen d'Kanner elo vu folgende Spiller profitéieren:
- Mensch ärgere dich nicht
- Mühle (Millchen)
- Schach
- Dame
- Himmel und Hölle
- Twister
- Tic Tac Toe
- Schleek
- Gänsespill
An deenen nächste Méint wärten och nach e puer nei Spillflächen dobei kommen.