Mamerschoulen
Home

Fairtrade Laf 2021
05/07/2021Den Fairtrade Laf 2021 huet dest Joër den 25.06.2021 stattonnt.
Weinst dem Chantier vun der neier Piscine um Kinneksbond war dest Joer den Laf am Parc Brill zu Mamer.
Kanner vun den Cyclen 1 - 4 aus den Schoulen vun Mamer a Capellen si gesponsort ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten.
Dobäi ass e ganz schéine Betrag gesammelt ginn, deen demnächst während enger klénger Feier un Transfair Lëtzebuerg iwwerreecht gëtt.
Merci der Gemeng Mamer, den Elterevertrieder, dem Jean-Louis Zeien an all aneren déi eis bei eiser Aktioun ënnerstëtzt hunn.