Mamerschoulen

Home

Remise Chèque Fairtrade Mamerschoulen 2021

14/07/2021

Mat der Ënnerstëtzung vun de Verantwortleche vun der Gemeng Mamer, d'Primärschoule vu Mamer a Capellen, mat all de Studenten an Enseignanten, an der "LËTZ 'STEP to Fairtrade" Kampagne bedeelegt.

De 24. a 25. Juni 2021 gouf e Sponsored Run am Park Brill zu Mamer organiséiert. De Motto vun dëser Campagne ass "Mir lafe fir eng méi gerecht Welt". Ongeféier 850 Kanner sinn hir gesponsert Ronnen op verschiddene Strecke fir e gudden Zweck gelaaf. Schlussendlech sinn d'Kanner fir hiren Engagement mat Fairtrade Bananen, Schockelasbriedercher a Schockela belount ginn.

Op der Scheckiwerrechung am Bannenhaff vun der Capellener Schoul as een Scheck vun insgesamt 14.700 € iwerrecht ginn. Kanner hunn déi Suen vun verschiddene Sponsore gesammelt am Virfeld vun der Course. Am grousse Ganze warenr d'Kanner ronn 4400 km gelaf.

Dess Somme as fir d'Climate Change Academy an Afrika vun Fairtrade Lëtzebuerg gespent ginn.
Hei geet et drëms d’Baueren ze ënnerstëtzen, déi duerch de Klimawandel uerg gebiedelt sinn.