Mamerschoulen

Home

Kleeschen am C1

01/12/2025

Den 27. November 2025 war héije Besuch am Précoce an an der Spillschoul op der Cap. De Kleeschen an den Housecker haten sech ugemellt an goufen vun de Kanner, dem Schoulpersonal an dem Buergemeeschter Luc Feller souwei dem Schäffen Ed Buchette an der Präsidentin vun der Schoulkommissioun Nadine Schmid emfangen.

All Kand krutt eng Titchen vum Kleeeschen an sengem Gesell.

Merci dem Syndicat d'Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Mamer.