Mamerschoulen
Home

SCHECKIWWERREECHUNG FAIRTRADE LAF 2023
18/07/2023De Freiden, 14. Juli 2023 gouf am Festsall vun der Mamer Schoul ee Scheck vu 15.700 Euro un de Responsabele vu Fairtrade, Jean-Louis Zeien, iwwerreecht. D'Suen waren am Kader vum Fairtrade Laf de 25. a 26. Mee am Park Brill gesammelt ginn.
D'Gemeng war duerch de Buergermeeschter Gilles Roth an d'Schäffe Roger Negri a Luc Feller bei der Scheckiwwerreechung vertrueden.