Mamerschoulen

Home

Précoce-Kanner ënnerstëtzen de Päerdsatelier

13/12/2010

D'Kanner aus de Précoce-Klasse vu Kapellen, Mamer an Holzem haten am Laf vum leschte Schouljoer flott Konschtwierker erstallt, déi den 9. an 10. Juli am Kinnéksbond ausgestallt goufen. Bei dëser Aktioun koumen 2.310 Euro eran, déi vun der Gemeng nach ëm 1.000 Euro opgestockt goufen. Sou konnt elo viru kuerzem ee Scheck vun 3.310 Euro un de Päerdsatelier iwwerreecht ginn.