Mamerschoulen
Home

Eis Beien a Bommele brauchen Hëllef
23/05/2014Oft héiert een hautdesdaags iwwer d'Massenstierwen vun den Hunnegbeien an d'Konsequenzen fir den Mënsch. Mee wat kann een als besuergten Bierger wierklech maachen ?
An dësem Fall kann een tatsächlech fill hëllefen mat klengem Asaatz. Zum Beispill an deem een beienfrëndlech Blummen planzt, egal op am Gaart, op der Terrasse oder um Balkon.
Méi Informatiounen op wat een soss nach sou soll oppassen fir rëm méi Beien ze gesinn fannt dir an dësem informativen Flyer vun der Sicona an natierlech och op hirem Site.
Hëllef fir d'Beien an Bommelen Informatiounsblad (DE)