Mamerschoulen
Home

Liesung mam Waltraud Starck a mam Patrick Addaï
03/05/2010Den 29. an 30. Abrëll 2010 waren de Kannerbuchauteur Patrick Addaï an d'Schauspillerin Waltraud Starck op der Cap an zu Mamer fir de Kanner vum Cycle 2.2 an 3, Geschichten aus Afrika virzeliesen. Mat vill Schwong a Getrommels huet de Patrick Addaï de Kanner seng Wierker virgedroen. D'Kanner ware begeeschtert. Si hu matgeklappt a gedanzt.