Mamerschoulen
Home

Biblio-Croissant vun der APEM
12/12/2009D'Elterevereenegung vu Mamer huet d'Schoulkanner op hiren 2. Bibliocroissant an d'Schoulbibliothéik vum Campus Kinneksbond invitéiert. Bei deser Gelegenhet huet d'APEM dem Bibliothécaire Tom Carier e Scheck vu 1500 Euro iwwereecht fir d'Bibliothéik weider am Interesse vun de Kanner vum Cycle 1-4 auszebauen.
Ongeféier 100 Kanner ware mat hiren Elteren op dese Bibliocroissant komm a kruten nieft intellektuelle Fudder och e Gedrenks mat engem Kichelchen offréiert.