Mamerschoulen
Home

Randonnée cycliste pédagogique
19/06/201031 Kanner aus dem Cycle 4 vun de Mamerschoulen hun haut en Tour mam Velo duerch d'Uertschafte vun der Gemeng Mamer gemaach a Plaatz vun enger Coupe Scolaire. Op hirem We hun si sech mussen un d'Virschrëften vum Code de la Route halen. Si waren an de Wochen virdrun op des Aktivitéit an theoreteschen Coursen préparéiert gin an si sollten dat elo an d'Praxis ëmsetzen. All d'Kanner hun sech gut drugin an hun sech exemplaresch beholl. Zum Schluss kruten si nach eng kleng Stärkung vun der APEM servéiert.
Mir soen all de Leit Merci déi bei dëser Randonnée cycliste pédagogique gehollef hun, der Police vun der Cap, der APEM an der APECCH, dem Patrick Konz an dem Schoulpersonal.