Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 08/07/2010

Cours d'initiation aux premiers secours

D'Kanner aus dem Cycle 4.2 vun de Mamerschoulen hun ënnert der Ledung vum Chantal Leytem-Glodt, infirmière graduée, eng Aféierung an d'Éischt Hëllef kritt. No bestanenem Test hun se all e Certificat iwwereecht kritt.

Weiderliesen
Publizéiert den 06/07/2010

Schoulfester an der Gemeng

E Freideg den 9.07.2010 ass Schoulfest zu Mamer um Kinneksbond an de 14.07.2010 op der Cap. Détailler fannt der op de Liens hei ënnendrënner.

Weiderliesen
Publizéiert den 29/06/2010

BEWEEGUNGSDAG 2010

D' Fotoen vum BEWEEGUNGSDAG 2010 sin online.

Weiderliesen
Publizéiert den 19/06/2010

Randonnée cycliste pédagogique

31 Kanner aus dem Cycle 4 vun de Mamerschoulen hun haut en Tour mam Velo duerch d'Uertschafte vun der Gemeng Mamer gemaach a Plaatz vun enger Coupe Scolaire. Op hirem We hun si sech mussen un d'Virschrëften vum Code de la Route halen. Si waren an de Wochen virdrun op des Aktivitéit an theoreteschen Coursen préparéiert gin an si sollten dat elo an d'Praxis ëmsetzen. All d'Kanner hun sech gut drugin an hun sech exemplaresch beholl. Zum Schluss kruten si nach eng kleng Stärkung vun der APEM servéiert.
Mir soen all de Leit Merci déi bei dëser Randonnée cycliste pédagogique gehollef hun, der Police vun der Cap, der APEM an der APECCH, dem Patrick Konz an dem Schoulpersonal.


Weiderliesen
Publizéiert den 14/06/2010

Xonrupt 2010

14.06.2010
D'Kanner vum 4. Schouljoer aus der Gemeng Mamer sin no enger excellenter Rees géint 11.00 Auer gut zu Xonrupt ukomm. Mir hun haut trotz dem mëttelméissege Wieder, scho vill ënnnerholl.

Weiderliesen
Publizéiert den 02/06/2010

Comenius Fest

Als Belohnung für ihren tollen Einsatz beim Briefeschreiben mit ihren Partnerklassen aus Österreich, Polen, Ungarn und Deutschland erhielt jedes Kind ein T-shirt.
180 Kinder aus zehn Klassen aus Capellen und Mamer waren am Comenius Projekt „Bausteine Europas“ beteiligt.
Das Projekt lief über zwei Jahre.

Weiderliesen
1 56 57 58 60 61 62 75