Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publié le 05/07/2021

Fairtrade Laf 2021

Den Fairtrade Laf 2021 huet dest Joër den 25.06.2021 stattonnt.
Weinst dem Chantier vun der neier Piscine um Kinneksbond war dest Joer den Laf am Parc Brill zu Mamer.
Kanner vun den Cyclen 1 - 4 aus den Schoulen vun Mamer a Capellen si gesponsort ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten.

Dobäi ass e ganz schéine Betrag gesammelt ginn, deen demnächst während enger klénger Feier un Transfair Lëtzebuerg iwwerreecht gëtt.

Merci der Gemeng Mamer, den Elterevertrieder, dem Jean-Louis Zeien an all aneren déi eis bei eiser Aktioun ënnerstëtzt hunn.

continuer la lecture
Publié le 10/06/2021

Projet "MaMer Égalitéit''

D'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer ass och haut am 21. Joerhonnert alles anescht ewéi eng Selbstverständléchkeet! An di meescht diskriminéierend Stereotyppen entsti scho ganz fréi an der Kandheet.

Beim Projet "MaMer Égalitéit", de gedroe gouf vum Ministère de l'Égalité entre les femmes et les hommes - Luxembourg an organiséiert vum Chancëgläichheets-Service vun der Gemeng Mamer sinn d'Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée Josy Barthel a verschidden Atelieren op dës leider nach allze vill present Problematik sensibiliséiert ginn.

Wärend enger Woch ginn Atelieren zum Thema Gläichstellung gehalen an et huelen insgesamt 287 Schüler a Schülerinnen un dësem Projet deel.


continuer la lecture
Publié le 10/05/2021

Beiendag - Journée de l'abeille 2021

An der Woch vum 10.05.2021 bis den 14.05.2021 kreien d'Schüler vun Mamer/Capellen aus dem Cycle 4  d’Wichtegkeet vun de Beien eklärt.
 
An 4 Workshops hunn d‘Schüler sech ënner anerem mat de Beiestäck, de Beieprodukter, dem Hunneg an der Kichen an der Wichtegkeet vun de Bestäuberinsekten an eisem Ökosystem beschäftegt.

 


continuer la lecture
Publié le 13/04/2021

!! A partir du 19.04.2021 !! Changements importants sur les lignes de bus scolaires

Veuillez trouver en annexe divers changements sur les lignes des bus scolaires qui entreront en vigueur à partir de lundi, 19 avril 2021.

continuer la lecture
Publié le 01/04/2021

Weltwaasserdaag 2021

Am Kader vum Waasserweltdaag, deen dëst Joer den 22. März 2021 gefeiert gouf, kruten d'Kanner aus denen verschiddenen Cyclen dWichtegkeet vum Waasser erklärt.
All d'Kanner an d'Personal vun den Schoulen Mamer a Capellen kruten eng Drenkfläsch fir dësen Dag iwwerrecht.
Fir dess Bidonen kennen ze fëllen goufen iwwert die lescht Mëint an denen verschiddenen Schoulgebaier Drenkwaasserspender installéiert.

Source attachement: www.ses-eaux.lu

continuer la lecture
Publié le 01/04/2021

''Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen''

Den Freiden 26.03.2021 war um Campus Ecole Fondamental Kinneksbond  die offiziell Presentatioun vun den Spillkëschten a Presenz vum Minister Claude Meisch.
Landeswait goufen 3200 Spillkëschten matt insgesamt 32000 Këschten un die jeeweilig Gemengen ausgedeelt.
Op Ufro bei den Enseignanten kennen dess Gesellschaftsspiller gären un d'Kanner ausgeléint ginn. Esou kennen d'Kanner zesummen matt hieren Eltern een flotten Moment doheem verbrengen.

continuer la lecture
1 16 17 18 20 21 22 76