Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaires Mamer & Capellen
Publié le 05/07/2022

Buch 'De verschwonnenen Zaubertrank'

Loscht op eng spannend Geschicht?

Schoulklasse vum Carole Kauth (Cycle 4.2 Mamer) an Tom Carier (Cycle 2.2 Mamer) hunn zesummen een klengen Projet ausgeschafft wou Sie een flott Buch mat Zeechnungen iwwert di lescht Wochen gemeet hun.

De Text as op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, englesch an iwwert een QR Code ze lauschteren.

D'Buch 'De verschwonnenen Zaubertrank' kritt een ze kaafen fir 5 Euro.

Den Erléis as fir d'Associatioun Nepalimed Luxembourg Asbl.


continuer la lecture
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publié le 13/06/2022

UGDA-Projet -- Cycle 1 EF Campus Kinneksbond

De Mëttwoch, den 8. Juni 2022 war de Minister Claude Meisch an dem Préscolaire Kinneksbond vun der Klass Taiga Zeien zu Mamer.
Am Kader vum engem UGDA-Projet as Schoulstonn gouf vum Sabine Walsch gehaal.
D’Zil vum Projet ass et de Kanner d’Musek an d’Instrumenter méi no ze bréngen. Wärend engem Trimester kruten d’Kanner Kueren am Beräich vun der Musek ugebueden.
De Buergermeeschter Gilles Roth an déi zwee Schäffe Roger Negri a Luc Feller hunn de Minister bei senger Visitt begleet.


continuer la lecture
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publié le 30/05/2022

Beiendag 2022

E Mëttwoch, den 18. Mee, gouf den traditionellen Beiendag vun der Grondschoul vu Mamer um Campus Kinneksbond organiséiert.

D’Zil vun deem Dag war d’Kanner aus dem Cycle 3 vum Mamer a Capellen nach besser iwwert d’Beien ze sensibiliséieren an een Abléck an hiert Liewen ze kréien.

A verschiedenen Workshopen kruten d’Kanner méi Informatiounen iwwert d’Insekten.


continuer la lecture
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publié le 06/04/2022

Ouschterhues

Den 31. März 2022 war den Ouschterhues an der Mamer Schoul op Besuch.
Fir de Kanner eng kleng Freed ze machen krut all Kand vun der APEM een leckeren Ouschterhues.
Merci un d'Memberen vun der APEM.

continuer la lecture
Publié le 06/04/2022

Projet '1.000 Luchten fir 1.000 Deeg'

Dëst Joer hun eis zwou Schoulen um Projet vun den 1000 Luuchten deel geholl. Lampionen a Luuchten déi an de Klasse respektiv an der Maison Relais gebastelt ginn, sinn am Kader vum Mamer Chrëschtmaart vun 03. - 05. Dezember 2021 verkaft ginn.
Mam Erléis vum Verkaf ënnerstëtzt CARE Mammen déi éischt 1.000 Deeg no der Gebuert vun hire Kanner.
Insgesamt sinn 7.392.35 Euro era komm.
De Scheck gouf e Freiden, den 1. Abrëll 2022 an der Schoul vu Capellen a Presenz vum Buergermeeschter Gilles Roth, de Schäffe Roger Negri a Luc Feller, esou wéi de Presidente vun de Schoulcomitéë Bob Feyereisen a Maryse Baden, un de Vertrieder vu CARE, Pit Bichel iwwerreecht.


continuer la lecture
Campus scolaire Mamer
Publié le 05/04/2022

Liichtmëssdag-Aktioun Mamer Schoul

Bei der traditioneller Liichtmëssdag-Aktioun vun dem Préscolaire Mamer hunn d'Kanner, d'Elteren an d'Schoulpersonal fläisseg Suen gesammelt.
Dëst Joer as den Erleis un  d'Permanence Médico-Psycho-Sociale vun Médecins du Monde gaang.

Zesummen mat den Gemengenschäffen Luc Feller a Roger Negri hun d'Kanner an d'Schoulpersonal een Scheck vun 2.715,5.- Euro un d'Direktioun vun Médecin du Monde iwwerrecht.
 


continuer la lecture
1 13 14 15 17 18 19 76