Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 15/04/2010

Eveil Musical dans le Cycle 1

Den Ensemble Maurizio Spiridigliozzi huet de Kanner vum Cycle 1 vu Mamer an der Cap eng flott Virstellung gin mam Akkordeon. 200 Kanner hun d'Virstellung gesinn. Jidderen war impressionnéiert an all hu gut matgemaach.
Des Initiativ ass ausgang vun der Commission des Affaires culturelles, dem Cercle culturel communal an de Jeunesses Musicales. Hinnen e grousse Merci.

Weiderliesen
Publizéiert den 24/03/2010

Eveil musical SANGIT et SERGIO

Den Duo de Guitares "Sangit et Sérgio" huet de Kanner vum 4. Schouljoer vu Mamer an der Cap eng flott Virstellung gin mat verschiddene Guitaren a Rhythmen. D'Kanner an d'Léierpersonal waren begeeschtert an hu gut matgemaach. Des Initiativ ass ausgang vun der Commission des Affaires culturelles, dem Cercle culturel communal an de Jeunesses Musicales. Hinnen e grousse Merci.

Weiderliesen
Publizéiert den 25/02/2010

Eveil musical au cycle 2.2

D'Claudine Peters huet de Kanner vum 2. Schouljoer aus der Gemeng Mamer eng flott an interaktiv Gesangsvirféierung gehal. D'Kanner hu fantastesch matgemaach. Desen Eveil à la musique musicale gouf organiséiert vun der Kulturkommissioun an dem Cercle culturel vun der Gemeng Mamer an Zesummenarbecht mat de Jeunesses musicales.

Weiderliesen
Publizéiert den 12/02/2010

Fuesparty

E Freiden de Mëtten war eng flott Fuesparty op der Cap am Turnsall. Elteren hunn eis Kuchen a Fueskichelcher gebak an d'Elterevereenegung hutt fläissech gehollef beim Fest.

Weiderliesen
Publizéiert den 11/02/2010

Duo Dunamis am 1. Schouljoer

Den Duo Dunamis huet de Kanner vum 1. Schouljoer aus der Gemeng Mamer eng flott an interaktiv Présentatioun vu Percussiounsinstrumenter gebueden. D'Kanner hu fantastesch matgemaach. Des Initiation musicale gouf organiséiert vun der Kulturkommissioun an dem Cercle culturel vun der Gemeng Mamer an Zesummenarbecht mat de Jeunesses musicales.

Weiderliesen
Publizéiert den 18/01/2010

Liesungen mam Josy Braun

Den Här Braun huet Geschichten aus sengem neien Buch „E Sousaphon fir Groussknautscheng-kleng Geschichte fir grouss Kanner“ virgelies.

Horaire vunde Liesungen:
Méindes, den 11. Januar:
14.00-15.00 Glesener G.
15.00-16.00 Greiveldinger C.
Méindes, den 18. Januar:
14.00-15.00 Lepage L.
15.00-16.00 Casoli D.
Dënschdes, den 19. Januar:
9.00-10.00 Cap (cycle 4)
10.00-11.00 Cap (cycle 4)
Méindes, den 25. Januar:
14.00-15.00 Weydert G.
15.00-16.00 Reuter D.

Weiderliesen
1 59 60 61 63 64 65 76