Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 03/02/2025

Liichtmëssdag 2025

Den 31. Januar 2025 waren d'Kanner aus dem Mamer Précoce an der Spillschoul um Kinneksbond ënnerwee.

Am Nomëtteg war et dunn un den Klassen aus der Préscolaire déi an den Cycle 2-4 liichten komm sinn.

Den 2. Februar, um Virowend vum Blaisedag, feieren d'Kanner Liichtmëssdag. Mat Liichtebengelcher oder Luuchten an der Hand gi se vun Haus zu Haus sangen a kréien Séissegkeeten oder Geld als Géigewier. Fir dës Geleeënheet sange si en traditionellt Lidd, dat all Kanner kennen, dat mam Léiwer Härgottsblieschen ufänkt.

Léiwer Hergottsblieschen

Quell vun dëser Versioun: Nik Welter 1929 an der Literatur.

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.

Loosst déi jonk Leit liewen,
an déi al Leit stierwen / derniewent.
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.




Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 03/02/2025

Liichtmëssdag 2025

De Freideg, 31. Januar 25 sinn d'Kanner aus dem C1 vun der Grondschoul Capellen liichte gaangen. Si hunn dem C2-C4 hir Lidder virgedroen, déi si ganz fläisseg mat hire Jofferen an deene leschten Deeg geübt haten.

Dono si si weidergezunn an den Home pour personnes âgées vu Mamer wou si den Awunner vum HPPA och hir Gesankstécker virgedroen hunn.


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 20/12/2024

Niklosmaart

De 4. Dezember 2024 hunn d'Schoulkanner an d'Léierpersonal vu Capellen op hire Niklosmaart invitéiert. De Kleeschen an den Houseker haten de Wee och bis an d'Schoul fonnt wou Chrëschtdagslidder vum C3 virgedroe goufen an e Concours fir dee schéinste Chrëschtbeemche stattfonnt huet. D'Kanner vum Précoce bis an de Cyle 4.2 haten déi Deeg a Woche virdru fläisseg Chrëschtdagsdekoratioun fir op de Chrëschtbeemchen gebastelt. All Cycle krut e Beemchen an si konnte mat hire gebastelten Saachen hire Beemche rëschten. Deen schéinste Beemchen ass belount ginn mat engem Besuch am Kinoler.


Wéi all Joers war och de Sapin de l'Espoir sur place wou ee fir de gudden Zweck ee Bändchen op de Beemche konnt strecken. Den Erléis ass fir den Téléthon.


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 06/12/2024

Boxemännchen 2024

Den 5. Dezember 24 ass d'APECH op Capellen an d'Schoul komm an huet all Kand e Boxemännchen ausgedeelt.

Mir soen der Elternvereenegung Capellen-Holzem e grousse Merci fir dee léiwe Geste.


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 06/12/2024

Kleeschen 2024

De Précoce an d'Spillschoul vu Capellen haten den 29.12.24 vum Kleeschen a sengem Gesell, dem Houseker, Besuch kritt. All Kand krut eng Titche vum hellege Mann an sengem Gesell ausgedeelt.

Merci dem Syndicat d'Initiative et de Tourisme vu Mamer.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 05/12/2024

Boxemännchen 2024

D'Elterevereenegung APEM/ huet zu Mamer am Numm vum Kleeschen de Kanner, den Enseignanten an all anere Matarbechter déi och mathëllefen dass d'Schoul esou gutt fonctionnéiert, eng 800 Boxemännercher ausgedeelt.

Der APEM e grousse Merci vun eis all.

Weiderliesen
1 3 4 5 75