
Publizéiert den 10/10/2014
Kanner vum C 2.1 maache Viiz
Viru kuerzem hunn d'Kanner vum Cycle 2.1 mat hirem Léierpersonal Viiz gemaach. Fir d'éischt sinn si an de Bongert vun der Famill Mazouin Äppel raafe gaang. Du sinn d'Äppel gwäsch a gebotzt ginn. Duerno huet jiddereen gehollef d'Äppel an den Häcksler ze geheien. Den Här Lehrer huet déi gehäckselt Äppel an de Kelter gefëllt. En décke Ballon dee mat Loft gefëllt ginn ass huet de Jus aus den Äppel gepresst. D'Léierinen hun en dunn a Fläsche gefëllt a jiddereen krut eng Fläsch gudde, frëschen a séisse Viiz mat heem.
Weiderliesen