
Mamerschoulen
Neiegkeeten


Wale vun den Elterevertrieder 2019 Schoul Mamer a Capellen
D'Wahl fir d'Schoul Capellen fënnt den Mëttwoch 23. Oktober 2019 um 19:00 Auer am Campus Capellen statt.
Dauer vum Mandat as vun zwee op dräi Joer verlängert ginn. D’Mandat vun den aktuelle Vertrieder leeft dëst Joer aus.
Missioune vun den Elterevertrieder: Op Convocatioun vum President vum Schoulcomité an all Kéier, wa si selwer dat ufroen, versammele sech d’Elterevertrieder mam Schoulcomité fir
- iwwer d’Propos fir d’Schoulorganisatioun an d’Propos fir de Plan de développement scolaire (PDS), déi de Schoulcomité ausgeschafft huet, ze diskutéieren an dës, wann néideg, ze änneren an ze ergänzen;
- Versammlungen a gemeinsam Veranstaltunge vun de Schoulpartner ze organiséieren;
- Proposen zu alle Froen am Zesummenhang mat der Organisatioun vum Liewen an der Schoul zesumme mat de Schüler ze formuléieren.
Zuel vu Versammlungen: Et ginn op d’mannst dräi Versammlunge pro Schouljoer organiséiert.
Weider interessant Informatiounen fannt dir op www.elteren.lu
Weiderliesen

Äppeldag 2019 Mamerschoulen
D'Schoulklassen aus dem Cycle 2.2 vun Capellen an Mamer kruten haut villes iwert d'Äppel erklärt an och gewiesen.
Zesumme mat der Sektioun Natur an Emwelt Gemeng Mamer goufen vill flott Atelieren ugebueden, vum Äppel Rafen bis zum Viz Kelteren.
Leider war haut den moien d'gutt Wieder net um Rendez-Vous, mee dofir haaten d'Kanner vill Spass an d'Freed war grouss zum Schluss fir den frëschgepresstenen Äppeljus ze drenken.
Weiderliesen

Rentrée Scolaire Campus Mamer / Campus Capellen
Bei flottem Wieder war fir 814 Kanner d'Rentrée Scolaire op dem Campus zu Mamer an zu Capellen.
Weiderliesen

Changement au sein de la direction de région Mamer
Weiderliesen

Ofschlossconcert Cycle 3.1
Mat Begeeschterung konnten d'Kanner, dem Publikum, hiren Schoulkollegen aus dem Cycle 2.2 puer flott Lidder presentéieren,
Nächst Schouljoer kommen och Sie un d'Rei fir mat Freed den Projet weiderzeféieren.
Leedung vun dësem Projet gëtt assuréiert vun dem Joëlle Wiseler a Jeff Mack.
Weiderliesen
