Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 20/06/2014

Fête de la Musique

D'Schülerinnen an Schüler aus dem Cycle 2 waren haut op enger musikalescher Entdeckungsrees am Centre Cuturel Kinneksbond. 6 verschiddenen Atelier'en goufen ugebueden wou an Zesummenaarbecht mat der UGDA divers Instrumenter presentéiert ginn sinn an och selwer probéiert konnten ginn.
D'Kanner aus dem Cycle 3 an 4 haten sech och Rendez-Vous ginn fir an der Paus een Concert fir den assembléierten Cycle 2 ze spillen an ze weisen wat een alles esou kann an der Museksschoul leieren.

Weiderliesen
Publizéiert den 18/06/2014

Schoulsportdag 2014 - Remerciements

En groussen Merci nach eng Kéier un all déi Fräiwëlleg aus den Mamer Veräiner déi all Joers den Schoulsportdag mat gestallten an ouni déi mer den Schülerinnen an Schüler net kéinten déi fill verschidden Sportaarten ubieden.

Een groussen Merci geet och un d'Elterevereenegungen déi sech all Joers em den Ravitaillement këmmeren an natierlech un d'Léierpersonal déi dat ganzt encadréieren.

D'Fotoen vun der Madame Reuter.

Weiderliesen
Publizéiert den 18/06/2014

Présentation Musicale - Les Salonnards

Mam Thema "Sträichinstrumenter ginn op d'Rees" huet den Orchester "Les Salonnards" ënnert der Leedung vum Martin Elmquist den Schülerinnen an Schüler aus dem Cycle 4 d'Gei den Cello an den Kontrabass méi no bruecht. Wei ëmmer een groussen Merci un den Orchester an un d'Kultur Komissioun fir hir Organisatioun.

Weiderliesen
Publizéiert den 06/06/2014

Schoulsportdag 2014 - 6. Juni

Op dem sonnegen zweeten Dag vum Schoulsportdag war et un den Schülerinnen an Schüler vum Cycle 4 fir hiert Kënnen ze beweisen an vläit och eng nei Passioun ze entdecken.
Liichtathletik, Volleyball, Flag Football an en Vëloparcours stoungen um Menu. Et war also fir jiddereen eppes derbäi.

Weiderliesen
Publizéiert den 05/06/2014

Schoulsportdag 2014 - 5. Juni

D'Schülerinnen an Schüler vum Cycle 2 an 3 waren haut déi éischt déi op déi selleg Atelieren vum Schoulsportdag lassgelooss ginn sinn. Vun Basket, Football an Dëschtennis bis zu Nordicwalking, Triathlon an Karate war fir jiddereen eppes derbäi. An deenen verschiddenen Geschécklechkeets Parcours'en an Spiller gouf den Kanner d'Freed un Sport an Beweegung op eng verspillten Aart an Weis vermëttelt.

Een groussen Merci un all déi Fräiwëlleg aus deenen verschiddenen Veräiner déi den Schoulsportdag all Joers méiglech maachen.

Weiderliesen
Publizéiert den 04/06/2014

Présentation Musicale

D'Schülerinnen an Schüler aus dem fënneften Schouljoer haten haut den Pleséier fir e puer vun den bekanntsten Blechinstrumenter an engem klengen Concert ze héieren. Et goufen Stecker vun Klassik bis Modern gespillt an natierlech och déi eenzel Instrumenter virgestallt. Fir hir Initiative soen mer der Commission des Affaires Culturelles en groussen Merci.

Weiderliesen
1 44 45 46 48 49 50 76