Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 13/11/2015

Biblio-Vivario-Croissant 2015

E Samsdeg, 14.11.2015 ass eisen traditionellen Biblio-Vivario-Croissant. D'Bibliothéik an de Vivarium am Kinneksbond si vun 10.00 bis 12.00 Auer op. Bei der Bibliothéik erzielt di bekannte lëtzebuerger Künstlerin Betsy Dentzer Geschichten. Ab 10.30 Auer ass e grousse Kanner-Floumaart mat engem villfältegen Angebot. D'APECH an d'APEM offréiere Kaffi a Croissant an iwwereeche bei dëser Geleeënheet de Responsablen aus de Bibliothéiken an dem Vivarium e Scheck.

Weiderliesen
Publizéiert den 12/11/2015

Dag vum Bam 2015

Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam planzen d'Kanner aus de Klasse vum Cycle 3.1 aus eiser Grondschoul e Freideg, 13.11.2015 nomëttes Hecken am Kinneksbond. Doniewend kréien d'Kanner an enger spillerescher Form d'Wichtegkeet vun den Hecken erklärt.

Weiderliesen
Publizéiert den 26/10/2015

Don vun Natur- a Vulleschutz Mamer un d'Bibliothéiken vun der Grondschoul

E Samsdeg, 24.10.2015 huet den Natur- a Vulleschutz Mamer de Bibliothéike vun den 2 Siten (Campus Capellen a Campus Kinneksbond) 14 Bicher "Vögel Luxemburgs" geschenkt. Bei der klenger Zeremonie waren d'Memberen vum Schäfferot, Vertrieder vum Natur- a Vulleschutz a Vertrieder vun der Grondschoul Gemeng Mamer präsent.

Weiderliesen
Publizéiert den 15/10/2015

Megablech am Centre culturel Kinneksbond

Am Kader vun der "Aféierung an d'Musek" hunn d'Kanner vum Cycle 2 e Mëttwoch, 21.10.2015 d'Geleeënheet mat "Megablech" op eng Weltrees ze goen. Op dëser Rees kréien d'Kanner vun de Musiker Robi Arend, Al Ginter, Gilles Burgund, Etienne Sibille a Gast Gnad di verschidden Instrumenter virgestallt.

Weiderliesen
Publizéiert den 15/10/2015

Election des représentants parents

Avec le début de l'année scolaire le mandat des représentants parents est venu à terme. C'est pourquoi le comité d'école, ensemble avec les responsables politiques, organisera une réunion où les nouveaux représentants parents seront élus pour une durée de deux ans. Cette réunion aura lieu au bâtiment primaire du Campus Kinneksbond en date du mardi 27.10.2015 à 19.30 heures.

Weiderliesen
Publizéiert den 15/10/2015

Campus scolaire de Capellen

L'inauguration officielle du campus scolaire de Capellen aura lieu vendredi 23.10.2015 en présence de Monsieur Meisch, Ministre de l'Education Nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse. La séance académique sera encadrée musicalement par les enfants de Capellen et de Holzem.
Le bâtiment scolaire sera ouvert au public samedi 24.10. et dimance 25.10.2015 de 9.00 à 16.00 heures.

Weiderliesen
1 40 41 42 44 45 46 76