Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 21/10/2019

Wale vun den Elterevertrieder 2019 Schoul Mamer a Capellen

Dëse Méinden 21. Oktober 2019 fënnt um 19:30 Auer am groussen Festsall vun der Mamer Schoul d'Wahl vun Elterevertrieder fir d'Schoul Mamer statt.

D'Wahl fir d'Schoul Capellen fënnt den Mëttwoch 23. Oktober 2019 um 19:00 Auer am Campus Capellen statt.

Dauer vum Mandat as vun zwee op dräi Joer verlängert ginn. D’Mandat vun den aktuelle Vertrieder leeft dëst Joer aus.

Missioune vun den Elterevertrieder: Op Convocatioun vum President vum Schoulcomité an all Kéier, wa si selwer dat ufroen, versammele sech d’Elterevertrieder mam Schoulcomité fir

  • iwwer d’Propos fir d’Schoulorganisatioun an d’Propos fir de Plan de développement scolaire (PDS), déi de Schoulcomité ausgeschafft huet, ze diskutéieren an dës, wann néideg, ze änneren an ze ergänzen;
  • Versammlungen a gemeinsam Veranstaltunge vun de Schoulpartner ze organiséieren;
  • Proposen zu alle Froen am Zesummenhang mat der Organisatioun vum Liewen an der Schoul zesumme mat de Schüler ze formuléieren.

Zuel vu Versammlungen: Et ginn op d’mannst dräi Versammlunge pro Schouljoer organiséiert.

Weider interessant Informatiounen fannt dir op www.elteren.lu


Weiderliesen
Publizéiert den 16/10/2019

Äppeldag 2019 Mamerschoulen

D'Schoulklassen aus dem Cycle 2.2 vun Capellen an Mamer kruten haut villes iwert d'Äppel erklärt an och gewiesen.

Zesumme mat der Sektioun Natur an Emwelt Gemeng Mamer goufen vill flott Atelieren ugebueden, vum Äppel Rafen bis zum Viz Kelteren.

Leider war haut den moien d'gutt Wieder net um Rendez-Vous, mee dofir haaten d'Kanner vill Spass an d'Freed war grouss zum Schluss fir den frëschgepresstenen Äppeljus ze drenken. 


Weiderliesen
Publizéiert den 17/09/2019

Rentrée Scolaire Campus Mamer / Campus Capellen

Den 16. September 2019 um 08:00 Auer haut de moien war et erëm esou wäit.

Bei flottem Wieder war fir 814 Kanner d'Rentrée Scolaire op dem Campus zu Mamer an zu Capellen.

Weiderliesen
Publizéiert den 10/09/2019

Changement au sein de la direction de région Mamer

En date du 16 septembre 2019, Monsieur David Bettinelli prendra la relève de Madame Marie-Paule Greisch en tant que nouveau directeur de région. Les enseignants des écoles fondamentales de la Commune de Mamer remercient Madame Marie-Paule Greisch pour les 2 années d'excellente collaboration et souhaitent la bienvenue à leur nouveau directeur, Monsieur Bettinelli.

Weiderliesen
Publizéiert den 08/07/2019

Ofschlossconcert Cycle 3.1

De Freiden 05. Juli 2019 hat den Projet 'Musek an der Schoul' mat dem Cycle 3.1 säin Ofschlossconcert am groussen Festsall vun der Mamer Schoul.

Mat Begeeschterung konnten d'Kanner, dem Publikum, hiren Schoulkollegen aus dem Cycle 2.2 puer flott Lidder presentéieren,

Nächst Schouljoer kommen och Sie un d'Rei fir mat Freed den Projet weiderzeféieren.

Leedung vun dësem Projet gëtt assuréiert vun dem Joëlle Wiseler a Jeff Mack.

Weiderliesen
Publizéiert den 08/07/2019

Schoulfest 2019 -- Campus Mamer

E Freideg, 5. Juli 2019 ass dat traditionnellt Schoulfest, organiséiert vun der APEM an Zesummenaarbécht mam Léierpersonal.

Um Programm sti Spaass a Spill fir Grouss a Kleng.

Weiderliesen
1 21 22 23 25 26 27 75