Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 19/07/2010

Schoulfest 2010 Capellen

E Mëttwoch hun d'Schoulkanner vun der Cap de Schluss vum Schouljoër gefeiert. Am spéiden Nomëtten si mer all vu Stuerm a Reen iwwerrascht ginn. Mee Kanner an Elteren hu beim Ofrappen vun den Zelter gehollef an du konnte mer an der Sporthall weiderfeieren.
E grousse Merci un d'APEC déi gehollef hunn, datt d'Kanner e schéint Fest haten.

Weiderliesen
Publizéiert den 16/07/2010

Tournoi Football Télévie Mamer

D'Arbechter vun der Gemeng Mamer hu kiirzlech fir d'fënneft den Télévie Footballsturnéier organiséiert. An engem héichbesaten an hart emkämpften Tournéier konnt d'Equipe vum Kinneksbond dank excellenter Technik a Bommekonditioun fir drëtt de Gewënner stellen.

Weiderliesen
Publizéiert den 10/07/2010

Schoulfest 2010 Mamer

Bei schéinstem Wieder huet d'Schoulfest zu Mamer stattfond, organiséiert vun dem Léierpersonal an der APEM. Fir Animatioun, Iessen a Gedrenks war beschtens gesuergt. Kanner an Elteren waren begeeschtert. E grousse Merci der APEM an allen anere Veräiner a Leit déi matgehollef hun fir des "journée la plus attendue de l'année scolaire" (citation) ze organiséieren.

Weiderliesen
Publizéiert den 08/07/2010

Cours d'initiation aux premiers secours

D'Kanner aus dem Cycle 4.2 vun de Mamerschoulen hun ënnert der Ledung vum Chantal Leytem-Glodt, infirmière graduée, eng Aféierung an d'Éischt Hëllef kritt. No bestanenem Test hun se all e Certificat iwwereecht kritt.

Weiderliesen
Publizéiert den 06/07/2010

Schoulfester an der Gemeng

E Freideg den 9.07.2010 ass Schoulfest zu Mamer um Kinneksbond an de 14.07.2010 op der Cap. Détailler fannt der op de Liens hei ënnendrënner.

Weiderliesen
Publizéiert den 29/06/2010

BEWEEGUNGSDAG 2010

D' Fotoen vum BEWEEGUNGSDAG 2010 sin online.

Weiderliesen
1 58 59 60 62 63 64 78