Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 08/11/2014

Vivario-Biblio-Croissant 2014

Porte ouverte de notre jolie bibliothèque et de notre unique Vivarium
le 8 novembre 2014 de 10.30 h à 12.00 h.

Venez nombreux...

Photoe vun der Porte ouverte

Weiderliesen
Publizéiert den 08/11/2014

Kannerspillsaache-Floumaart APEM APECCH

D'Elterevereenegungen APEM an APECCH, zesummen mat de Responsable vun de Projeten invitéierenop de Biblio-Vivario-Croissant 2014 am Primärschoulsgebei um Kinneksbond, den 8. November vun 10:30 -12:00 Auer.
Am dësem Kader ass och den traditionellen Kannerspillsaache-Floumaart vun den Elterevereenegungen wou d'Kanner aus de Mamerschoulen hier Spillsaachenverkafen.

Flyer

Weiderliesen
Publizéiert den 07/11/2014

Journée de l'arbre 2014

D'Kanner vum Cycle 3.1 mat hirem Léierpersonal aus der Grondschoul vun der Gemeng Mamer,  hunn am Kader vum Dag vum Bam 2014 gehollef eng Heck beim Verkéiersgaart op der Cap ze planzen. No der schwéierer Arbecht huet, no guddem lëtzebuergeschem Brauch, och eppes géint den Honger an den Duuscht mussen ënnerholl ginn.
Dës flott Aktioun ass vum Fieschter an sénge Leit organiséiert a vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn.
E grousse Merci un all déi Leit déi un dëser Aktivitéit bedeelegt waren .

Weiderliesen
Publizéiert den 10/10/2014

Kanner vum C 2.1 maache Viiz

Viru kuerzem hunn d'Kanner vum Cycle 2.1 mat hirem Léierpersonal Viiz gemaach. Fir d'éischt sinn si an de Bongert vun der Famill Mazouin Äppel raafe gaang. Du sinn d'Äppel gwäsch a gebotzt ginn. Duerno huet jiddereen gehollef d'Äppel an den Häcksler ze geheien. Den Här Lehrer huet déi gehäckselt Äppel an de Kelter gefëllt. En décke Ballon dee mat Loft gefëllt ginn ass huet de Jus aus den Äppel gepresst. D'Léierinen hun en dunn a Fläsche gefëllt a jiddereen krut eng Fläsch gudde, frëschen a séisse Viiz mat  heem.

Weiderliesen
Publizéiert den 26/09/2014

Changement au sein de l'inspectorat de l'arrondissement 4

En date du 1er octobre 2014, Monsieur Alex Kockhans, inspecteur EF, prendra la relève de Madame Arlette Lommel. Les enseignants de l'école fondamentale de la Commune de Mamer remercient Madame Arlette Lommel pour les 12 années d'excellente collaboration et souhaitent la bienvenue à leur nouvel inspecteur Monsieur Kockhans.

Weiderliesen
Publizéiert den 11/07/2014

Schoulfest 2014

Haut demëtten ass eist alljährlecht Schoulfest um Campus Kinneksbond. Éischt Impressiounen fannt dir elo schonn an der Fotosgalerie.
Eng Hellewull Spiller ginn gebueden an fir Iessen an Gedrénks ass gesuergt.
Eng Miniplayback Show gëtt et och, an mat Spannung gëtt den Optakt vun eisem Baskets- an Fussballs Tournéier gewaart.

Weiderliesen
1 43 44 45 47 48 49 76