Bei der traditioneller Liichtmëssdag-Aktioun vun dem Préscolaire Mamer hunn d'Kanner, d'Elteren an d'Schoulpersonal fläisseg Suen gesammelt.
Dëst Joer as den Erleis un d'Permanence Médico-Psycho-Sociale vun Médecins du Monde gaang.
Zesummen mat den Gemengenschäffen Luc Feller a Roger Negri hun d'Kanner an d'Schoulpersonal een Scheck vun 2.715,5.- Euro un d'Direktioun vun Médecin du Monde iwwerrecht.

Projet '1.000 Luchten fir 1.000 Deeg'
Dëst Joer hun eis zwou Schoulen um Projet vun den 1000 Luuchten deel geholl. Lampionen a Luuchten déi an de Klasse respektiv an der Maison Relais gebastelt ginn, sinn am Kader vum Mamer Chrëschtmaart vun 03. - 05. Dezember 2021 verkaft ginn.
Mam Erléis vum Verkaf ënnerstëtzt CARE Mammen déi éischt 1.000 Deeg no der Gebuert vun hire Kanner.
Insgesamt sinn 7.392.35 Euro era komm.
De Scheck gouf e Freiden, den 1. Abrëll 2022 an der Schoul vu Capellen a Presenz vum Buergermeeschter Gilles Roth, de Schäffe Roger Negri a Luc Feller, esou wéi de Presidente vun de Schoulcomitéë Bob Feyereisen a Maryse Baden, un de Vertrieder vu CARE, Pit Bichel iwwerreecht.
Weiderliesen