
Mamerschoulen
Neiegkeeten


Sicona Kids
Wëllkomm bei SICONA kids !
Du wëlls un enger Naturaktivitéit fir Kanner an denger Gemeng Deel huelen, an denger Fräizäit ökologesch Zesummenhäng erkennen, z.B. wéi een Afloss de Mënsch op d’Natur huet oder wéi d’Joreszäiten funktionéieren? Du wëlls Freed, Spill a Spaass an der Natur?
Da bass du bei eis richteg! Komm mat a mell dech un!
Flyer fir sech unzemellen fannt Dier hei.
Weiderliesen

Appeldag 2023
Den 04. Oktober 2023 bei herrleschen Hierschtwieder hun sech d'Kanner vum Cycle 2.2 aus de Schoulen Mamer a Capellen zesummen mat hirem Léierpersonal mat dem Thema "Alles ronderëm den Apel" beschäftegt.
Merci alle Bénévolen déi gehollef hun.
Weiderliesen

Natur erliewen an der Gemeng matt SICONA Kids
SICONA Kids bitt vu September bis Dezember 3 Atelieren an der Natur un. Umeldung a weider Detailer fannt dir um Flyer.
Weiderliesen

SCHECKIWWERREECHUNG FAIRTRADE LAF 2023
De Freiden, 14. Juli 2023 gouf am Festsall vun der Mamer Schoul ee Scheck vu 15.700 Euro un de Responsabele vu Fairtrade, Jean-Louis Zeien, iwwerreecht. D'Suen waren am Kader vum Fairtrade Laf de 25. a 26. Mee am Park Brill gesammelt ginn.
D'Gemeng war duerch de Buergermeeschter Gilles Roth an d'Schäffe Roger Negri a Luc Feller bei der Scheckiwwerreechung vertrueden.
Weiderliesen

Caper Schoulfest 14. Juli 2023
D'APECH invitéiert Iech all den 14. Juli 2023 vun 16-20 Auer op d'Caper Schoulfest.
Animatioun fir Kléng a Grouss
Fir Iessen an Gedrénks ass gesuergt
Weiderliesen