Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publié le 06/06/2014

Schoulsportdag 2014 - 6. Juni

Op dem sonnegen zweeten Dag vum Schoulsportdag war et un den Schülerinnen an Schüler vum Cycle 4 fir hiert Kënnen ze beweisen an vläit och eng nei Passioun ze entdecken.
Liichtathletik, Volleyball, Flag Football an en Vëloparcours stoungen um Menu. Et war also fir jiddereen eppes derbäi.

continuer la lecture
Publié le 05/06/2014

Schoulsportdag 2014 - 5. Juni

D'Schülerinnen an Schüler vum Cycle 2 an 3 waren haut déi éischt déi op déi selleg Atelieren vum Schoulsportdag lassgelooss ginn sinn. Vun Basket, Football an Dëschtennis bis zu Nordicwalking, Triathlon an Karate war fir jiddereen eppes derbäi. An deenen verschiddenen Geschécklechkeets Parcours'en an Spiller gouf den Kanner d'Freed un Sport an Beweegung op eng verspillten Aart an Weis vermëttelt.

Een groussen Merci un all déi Fräiwëlleg aus deenen verschiddenen Veräiner déi den Schoulsportdag all Joers méiglech maachen.

continuer la lecture
Publié le 04/06/2014

Présentation Musicale

D'Schülerinnen an Schüler aus dem fënneften Schouljoer haten haut den Pleséier fir e puer vun den bekanntsten Blechinstrumenter an engem klengen Concert ze héieren. Et goufen Stecker vun Klassik bis Modern gespillt an natierlech och déi eenzel Instrumenter virgestallt. Fir hir Initiative soen mer der Commission des Affaires Culturelles en groussen Merci.

continuer la lecture
Publié le 23/05/2014

Eis Beien a Bommele brauchen Hëllef

Oft héiert een hautdesdaags iwwer d'Massenstierwen vun den Hunnegbeien an d'Konsequenzen fir den Mënsch. Mee wat kann een als besuergten Bierger wierklech maachen ?

An dësem Fall kann een tatsächlech fill hëllefen mat klengem Asaatz. Zum Beispill an deem een beienfrëndlech Blummen planzt, egal op am Gaart, op der Terrasse oder um Balkon.
Méi Informatiounen op wat een soss nach sou soll oppassen fir rëm méi Beien ze gesinn fannt dir an dësem informativen Flyer vun der Sicona an natierlech och op hirem Site.

Hëllef fir d'Beien an Bommelen Informatiounsblad (DE)

continuer la lecture
Publié le 21/05/2014

Blann am Alldag

Dëser Deeg sinn d'Dammen vun der Association pour Malvoyants et Aveugles an eisen Klassen ënnerwee fir den Kanner ze vermëttelen wat et heescht am Alldag blann ze sinn. An verschiddenen Atelier'en an Presentatiounen hunn d'Schüler d'Méiglechkeet fir sech méi konkret virzestellen wat et heescht blann ze sinn oder schlecht ze gesinn an och wei een kann eist Ëmfeld méi zougänglech maachen fir déi Betraffen.

continuer la lecture
Publié le 12/05/2014

Rubarbs Taart aus dem Schoulgaart

Haut de mëtten hunn d'Kanner aus der Klass 2.2B zesummen mam René vun der Sicona Rubaarb aus dem Schoulgaart geschnidden an duerno an eiser Kichen eng Taart gebak. Während eis Taarten am Uewen geschweest hunn, waren mer nach schnell raus vun dem bëssen Sonn profitéieren fir Sonneblummen Kären ze planzen.

continuer la lecture
1 44 45 46 48 49 50 75