
Mamer Chess Club / Inscriptions
Fir weider Infoen kuckt w.e.g op www.mamerchessclub.lu
continuer la lecture


Fir weider Infoen kuckt w.e.g op www.mamerchessclub.lu
Den Freiden 4. Juli 2025 organiséiert A.P.E.M. hiert traditionellt Schoulfest am Kinneksbond zu Mamer.
Vun 16.00 bis 20.00 Auer ginn flott Spiller fir Grouss an Kleng mat neien Attraktiounen gebueden.
Fir Iessen an Gedrénks ass gesuecht.

D'Naturentdecker vum Sicona ënnerwee mam Jessica. Fir den Cycle 2 - 4.
De Programm 2025 an der Annexe.

Bei gudden Laafwieder huet dëst Joer de Fairtrade Laf 2025 den 22 an 23.05.2025 um Campus Kinneksbond stattfonnt.
Kanner vun den Cyclen 1 - 4 aus den Schoulen vun Mamer a Capellen si gesponsert ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten.
Dobäi ass e ganz schéine Betrag gesammelt ginn, deen demnächst während enger klénger Feier un Transfair Lëtzebuerg iwwerreecht gëtt.
Merci der Gemeng Mamer, den Elterevertrieder, dem Jean-Louis Zeien an all aneren déi eis bei eiser Aktioun ënnerstëtzt hunn.