Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publié le 18/03/2015

Kuck a Klick 2015

Am Kader vun der Verkéierserzéihung hunn d'Kanner vum Cycle 2.1 vun de Mamerschoulen eng Formatioun iwwert d'Sécherheet am Stroosseverkéier matgemaach. Des Formatioun heescht "Kuck a Klick" a gëtt vum "Centre de formation pour conducteurs" organiséiert.

continuer la lecture
Publié le 04/12/2014

Boxemännercher APEM/APECCH

D'Elterevereenegungen APEM/APECCH hunn am Numm vum Kleeschen de Kanner, den Enseignanten an all anere Matarbechter déi  och mathëllefen dass d'Schoul esou gutt fonctionnéiert, Boxemännercher ausgedeelt. Anscheinend ware se alleguer ganz brav.

Der APEM an der APECCH e grousse merci vun eis all.

continuer la lecture
Publié le 18/11/2014

VIVARIUM tv "Porte ouverte 2014"

An eiser neier Episod kritt Der en Androck vun eiser Porte ouverte am November 2014, am Kader vum Vivario-Biblio-Croissant.
Vill Spaass beim Kucken.

http://www.youtube.com/watch?v=G9Lz7OOQNLk&list=UUH3HnetOLaD0F1Jc2yH6jBA

continuer la lecture
Publié le 08/11/2014

Kannerspillsaache-Floumaart APEM APECCH

D'Elterevereenegungen APEM an APECCH, zesummen mat de Responsable vun de Projeten invitéierenop de Biblio-Vivario-Croissant 2014 am Primärschoulsgebei um Kinneksbond, den 8. November vun 10:30 -12:00 Auer.
Am dësem Kader ass och den traditionellen Kannerspillsaache-Floumaart vun den Elterevereenegungen wou d'Kanner aus de Mamerschoulen hier Spillsaachenverkafen.

Flyer

continuer la lecture
Publié le 07/11/2014

Journée de l'arbre 2014

D'Kanner vum Cycle 3.1 mat hirem Léierpersonal aus der Grondschoul vun der Gemeng Mamer,  hunn am Kader vum Dag vum Bam 2014 gehollef eng Heck beim Verkéiersgaart op der Cap ze planzen. No der schwéierer Arbecht huet, no guddem lëtzebuergeschem Brauch, och eppes géint den Honger an den Duuscht mussen ënnerholl ginn.
Dës flott Aktioun ass vum Fieschter an sénge Leit organiséiert a vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn.
E grousse Merci un all déi Leit déi un dëser Aktivitéit bedeelegt waren .

continuer la lecture
1 42 43 44 46 47 48 75