Mamerschoulen

Home

LIESNUECHT OP DER CAP

13/02/2024

Den 8. Februar 2024 hat d’Léierpersonal vun der Cap eng Liesnuecht organiséiert fir d’Schoulkanner vu Capellen an Holzem.
D’Kanner goufen a Gruppen agedeelt an iwwert den Owend kruten si a verschiddenen Ateliere flott Aktivitéite gebueden.
D’Kanner konnten och iwwert d’Nuecht mat hirem Titulaire an hirem Klassesall schlofen.
Moies ass fir de Kaffi gesuergt ginn an d’APECH huet hinnen an der Paus eng Schokolasrull ausgedeelt.
Duerfir soe mir der APECH e grousse Merci.