Mamerschoulen

Home

Sapin de l'espoir

05/12/2023

D'Caper Schoulkanner an hiert Léierpersonal hunn e Freideg, 1.12.23, um Mamer Chrëschtmaart e ganz besonnesche Stand gehat.

Si hu faarweg Bännercher verkaaft. D'Léit konnten d'Bännercher direkt un den Dännebeemche strécken an esou ass de Beemchen ëmmer méi faarweg ginn.

Den Erléis geet un den Téléthon Lëtzebuerg.