Mamerschoulen

Home

Liichtmessdag 2024 EF Mamer

05/02/2024

Den Freiden, 2. Februar 2024 waren d'Kanner aus dem Mamer Précoce an der Spillschoul um Kinneksbond ënnerwee fir an den Cycle 2-4 liichten ze goen.
Den 2. Februar as traditionel den Dag vum Liicht. No engem lëtzebuerger Gebrauch bréngen d'Kanner deen Daag mat hiren Lampion'en d'Liicht an d'Haiser. Dobäi ginn d'Kanner vun Haus zu Haus a sangen e Lidd. Als Merci kréien si vun den Läit Séissegkeeten oder Suen.