D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
Mamer Schoulen: Accueil > All News
   
Du bas hei: Accueil > All News

Presentatioun vum geplangte Schoulkomplex zu Capellen


>> 23. Juli 2010
imagespacer pixelE leschte Méindeg gouf eng Informatiounsversammlung ofgehale, wou sech d'Leit iwwer dee geplangte Schoulkomplex zu Capellen informéiere konnten. Niewent dem Buergermeeschter Gilles Roth hat och den Architekt Jim Clemes de Projet ausféierlech virgestallt.

image Artikel_Wort_21_07_2010.pdf (579 kb)



Schoulfest 2010 Capellen


>> 19. Juli 2010
imagespacer pixelE Mëttwoch hun d'Schoulkanner vun der Cap de Schluss vum Schouljoër gefeiert. Am spéiden Nomëtten si mer all vu Stuerm a Reen iwwerrascht ginn. Mee Kanner an Elteren hu beim Ofrappen vun den Zelter gehollef an du konnte mer an der Sporthall weiderfeieren.
E grousse Merci un d'APEC déi gehollef hunn, datt d'Kanner e schéint Fest haten.

photos



Tournoi Football Télévie Mamer


>> 16. Juli 2010
imagespacer pixelD'Arbechter vun der Gemeng Mamer hu kiirzlech fir d'fënneft den Télévie Footballsturnéier organiséiert. An engem héichbesaten an hart emkämpften Tournéier konnt d'Equipe vum Kinneksbond dank excellenter Technik a Bommekonditioun fir drëtt de Gewënner stellen.

Equipe gagnante



Schoulfest 2010 Mamer


>> 10. Juli 2010
imagespacer pixelBei schéinstem Wieder huet d'Schoulfest zu Mamer stattfond, organiséiert vun dem Léierpersonal an der APEM. Fir Animatioun, Iessen a Gedrenks war beschtens gesuergt. Kanner an Elteren waren begeeschtert. E grousse Merci der APEM an allen anere Veräiner a Leit déi matgehollef hun fir des "journée la plus attendue de l'année scolaire" (citation) ze organiséieren.

PHOTOS



Cours d'initiation aux premiers secours


>> 08. Juli 2010
imagespacer pixelD'Kanner aus dem Cycle 4.2 vun de Mamerschoulen hun ënnert der Ledung vum Chantal Leytem-Glodt, infirmière graduée, eng Aféierung an d'Éischt Hëllef kritt. No bestanenem Test hun se all e Certificat iwwereecht kritt.

PHOTOS



Schoulfester an der Gemeng


>> 06. Juli 2010
imagespacer pixelE Freideg den 9.07.2010 ass Schoulfest zu Mamer um Kinneksbond an de 14.07.2010 op der Cap. Détailler fannt der op de Liens hei ënnendrënner.

image News/schoulfest_mamer_2010.pdf (0 kb)
image News/Schoulfest_Capellen_2010.pdf (0 kb)



BEWEEGUNGSDAG 2010


>> 29. Juni 2010
imagespacer pixelD' Fotoen vum BEWEEGUNGSDAG 2010 sin online.


Fotoen 2010



Randonnée cycliste pédagogique


>> 19. Juni 2010
imagespacer pixel31 Kanner aus dem Cycle 4 vun de Mamerschoulen hun haut en Tour mam Velo duerch d'Uertschafte vun der Gemeng Mamer gemaach a Plaatz vun enger Coupe Scolaire. Op hirem We hun si sech mussen un d'Virschrëften vum Code de la Route halen. Si waren an de Wochen virdrun op des Aktivitéit an theoreteschen Coursen préparéiert gin an si sollten dat elo an d'Praxis ëmsetzen. All d'Kanner hun sech gut drugin an hun sech exemplaresch beholl. Zum Schluss kruten si nach eng kleng Stärkung vun der APEM servéiert.
Mir soen all de Leit Merci déi bei dëser Randonnée cycliste pédagogique gehollef hun, der Police vun der Cap, der APEM an der APECCH, dem Patrick Konz an dem Schoulpersonal.



PHOTOS




8 vun 104 Elementer ginn op der Säit 1 vun 13 ugewisen ( éischt | zréck | nächst | läscht )

Accueil | Plan du site | Version d'impression | Commentaires | A propos
Dernières mises à jour: 06/09/2010 @ 21:14:22 | visiteurs: 247580
olefa_transparent
Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Mamer